e-Lake Festival @ Iechternacher Séi

Eldoradio presentéiert den e-Lake Festival 2017 vum 11. bis den 13. August um Iechternacher Séi.

Dëse Weekend heescht et nees:

3 Deeg laang gratis Concerte beim Iechternacher Séi!

Dee gréisste Festival zu Lëtzebuerg mat Live-Concerten, Live-Acts a Club-Music. Alles ënnert fräiem Himmel! D'Musek geet vun Hip-Hop a Rock'n'Roll iwwer Trance, House an Techno.

Eldoradio ass Freides a Samschdes vun 20h00 bis 24h00 LIVE fir iech op der Plaz! Mir versuergen iech mat News, Infoen a Fotoen.



Freides geet et lass mat Live-Concerten op 2 Bühnen. Mat dobäi sinn ënnert anerem:

Samschdes stinn DJ-Sets a Live-Acts um Programm, mat ënnert anerem den DJs


A Sonndes gëtt et Flying Dutchman Party, eng Time-Travel-Party mat de Best of 70's, 80's an 90's vun 15h00 bis 01h00 an der Nuecht! De komplette Line Up vum e-Lake 2017 kënnt dir iech hei ukucken!

Fir de kléngen a groussen Honger ginn et an der YummY-Lane vill ausgefaale Food Trucks mat enger grousser Panoplie u verschiddene Kichen!

Parkméiglechkeete ginn et um Site vum e-Lake oder benotzt Freides a Samschdes einfach de Shuttlebus oder de P+R-Shuttlebus fir secher op de Festival-Site an erëm heem ze kommen!

Fir déi, déi keng verpassen an de ganze Weekend um Festival bléiwe wëllen, ass vun Donneschdes 14h00 bis Méindes 12h00 den e-Lake Festival Camp op!

De Jempi, Nic a Max vun der Organisatioun vum E-Lake

Lauschtert hei nach eemol den Interview vum Donneschden Owend:

Event Navigator elake ITV 1

Event Navigator elake ITV 2


Links