Crémantsfescht zu Réimech

Eldoradio presentéiert dëse Weekend déi 40. Editioun vum Crémantsfescht mat der Wiel vun der Miss Crémant zu Réimech um Gréin!

Sidd dobäi wann dëse Weekend zu Réimech d'Miss Crémant de Luxembourg 2017 gewielt gëtt!

Lass geet et Samschdes Owes mat Live-Musek vum DJ Lungo, dee bis an de spéiden Owend fir beschte Stëmmung suergt.

Sonndes steet alles am Zeeche vun der Miss Crémant de Luxembourg 2017! Vu 18h00 u ginn d'Kandidatinnen a verschiddenen Duerchgäng virgestallt. No der Auszielung vun de Jury-Stëmmen géint 23h00, gëtt déi néi Miss Crémant 2017 dann annoncéiert a ka sech iwwert 1000€ freeën!

Umelle
kënne Fraen iwwert 17 Joer sech nach per Telefon ënnert den Nummeren +352 23 66 36 25 oder +352 621 302 668, per Mail op miss@urb.lu oder per Online-Formulaire op dësem Site!

Sidd och Dënschdes um Bacchusfescht vun 11h00 u mat dobäi! Hei erwaart iech vun 12h00 un de Live-Orchester Jean Traina mat der beschter Danz-Musek bis an den Owend!

Fir gutt Stëmmung, Gegrills an e gudde Pättchen ass gesuergt!

Marc Lux a Pit Moes vun der Organisatioun

Event Navigator Miss Cremant 1

Event Navigator Miss Cremant 2

© https://www.facebook.com/SupporterClubUrb

Links