Mähdreschercross zu Rammerech

D'Jongbaueren an d'Landjugend Zenter invitéieren dëse Sonndeg op déi 12. Editioun vum Mähdreschercross zu Rammerech!

Sidd dobäi wa sech dëse Sonndeg d'Elite vum internationale Mähdreschercross zu Rammerech trëfft!

Vun 10h00 u kënnt dir iech den ëffentlechen Training vu Ronn 50 Mähdrescher aus Lëtzebuerg, Däitschland, der Belge an Holland ukucken! um 13h00 Auer geet et da lass mat de Coursen an 3 ënnerschiddlechen Klassen:

  • Standard
  • Speziel
  • Fräiklass

Tickete kritt een fir 8€ am Virverkaf bei de Membere vun der Landjugend oder an der Dageskeess fir 10€ - Kanner bis 12 Joer hu fräien Entrée

Verpasst och op kee Fall Samschdes Owes den Drescherbal mat der Live Band "de Belsch Jecke" vun 22h00! Den Entrée ass 7€ a fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt!

Organisatiounscomité vum Mähdreschercross
Event Navigator Mähdreschercross ITV 1

Event Navigator Mähdreschercross ITV 2

Links