SundayVibes Summerclosing Party 27.08.17

Navitours presentéiert dëse Sonndeg de d'Summerclosing Party vun der SundayVibes Serie op der Musel!

Dëse Sonndeg ass déi 6. an domadder fir dëst Joer läschten Editioun vun de SundayVibes um Eventschëff "RiverDiva" vun Navitours op der Musel.

Sitt dobäi wann d'Schëff um 19h00 ofleet a genéisst en Owend op der Musel mat villen Highlights:

  • Bescht Vibes vum DJ Robbie an DJ Pino
  • Cocktailbar
  • Lounge
  • Mini-Pool
  • Beerpong, Kicker, a villes méi

Eng begrenzten Unzuel un Tickete kritt een am Virverkaf fir 20€ oder vu 17h00 un fir 25€ um Quai zu Réimech!

Boarding ass vu 17h00-18h00 , de Retour ass um 23h00!

Dany Kieffer vu Navitours

Event Navigator SundayVibes Summerclosing Interview


Links