Luxembourg's Next Popstar

Eldoradio presentéiert dëse Samschdeg d'Finall vu Luxembourg's Next Popstar op der Gemengeplaz zu Esch/Uelzecht.

Dëse Samschdeg ass op der Gemengeplaz zu Esch/Uelzecht déi grouss Finall vu

Luxembourg's Next Popstar

Sidd dobäi, wann dëse Samschdeg vu 14h30 un d'Top 11 Kandidate vun der Editioun 2017 vu Luxembourg's Next Popstar presentéiert ginn!

Déi 11 Finalisten triede virum Publikum mat hirem Lidd op, éiert géint 19h00 de Gewënner vum Luxembourg's Next Popstar 2017 bekannt gi gëtt!

An der Finall stinn:
Guilherme Marques, Emeline Becker, Céline Heitz, Marie Lommel, Noa Ganeto, Lara Manderscheid, Jamila Fortes, Lynn Hozay, Janina Garboutcheva, Jessica Delgado an d'Nadine Reiser!

De musikalesche Programm vun dëser Finall ass gutt gefëllt! Nieft de Finalisten trieden ausserdeem nach d'Gewënnerin vum leschte Joer RAFAELA, d'Band DIARIO, den DJ Packo Gualandris an deen een oder anere Surprise Act op!

Lauschtert hei nach eemol de ganzen Interview aus der Sendung:

Event Navigator Luxembourg's Next Popstar ITV 1

Event Navigator Luxembourg's Next Popstar ITV 2

Den Mike Welter (Organisateur)

Verpasst also op kee Fall d'Finall vun der Editioun 2017 vu Luxembourg's Next Popstar a kommt d'Finalisten op Esch/Uelzecht ënnerstëtzen!


Links