On Stéitsch 2017 @ Rotondes

De Jugendfestival an de Rotonden zu Bouneweg!

Dëse Samschden 30. September heescht et nees On Stéitsch Festival vu 14h - 24h zu Bouneweg an de Rotonden.

D'Laura vum Service National de la Jeunesse, dem Organisateur vum Festival, kënnt dësen Donneschden bei de Wulli an den Eldo Event Navigator fir iwwert dësen Festival ze schwätzen!

On Stéitsch ass de Rendezvous fir jonk Kënschtler hei zu Lëtzebuerg! Mat 3 Bühnen, Ausstellungen a Kreativ-, Sports-, an Infostänn geet de Festival dëst Joer an déi 10. Ronn!

Vun 14h00 un erwaarden iech an a ronderëm d'Rotonden eng sëlleche Musek- an Danz-Acts, eng Expo a Workshops vun 3 Joer un!

Ënnert anerem mat dobäi: DJ Headmasta & 8cee, The Double Trouble, Zoë, Dusty D a villen anere jonke Kënschtler!

Kommt dëse Samschdeg bis laanscht a feiert zesumme mat "On Stéitsch" den 10. Gebuertsdag zu Bouneweg bei de Rotonden!

On Stéitsch - Vun 14h00 u mat fräiem Entrée!

D'Laura vum SNJ a säi Coup de Coeur vum Festival (Amandine an Pharron)

Event Navigator On Stéitsch ITV1

Event Navigator On Stéitsch ITV2

Links