The Mountain Between Us

Eldoradio presentéiert den nächste Méindeg déi nei Ladies' Night mam Film "The Mountain Between Us" am Kinepolis Kierchbierg!

D'Fotojournalistin Alex muss dringend op seng eegen Hochzäit an den Neurochirurg Ben muss an en anert Spidol fir eng Noutoperatioun duerchzeféieren. Well hire Fluch wéinst dem schlechte Wieder awer annuléiert gouf, doen sech déi zwee zesummen an charteren e klenge Fliger fir rechtzäiteg op hir Rendezvousen ze kommen! Nodeems de Pilot awer u sengem Häerzinfarkt verstuerwen ass, stierzt de Fliger matten an de Bierger of. D'Alex an de Ben iwwerliewen dëst Ongléck, mussen awer ouni Proviant an dësen äisegen Temperaturen an der Wildnis ëm d'Iwwerliewe kämpfen, fir erëm de Wee zeréck an d'Zivilisatioun ze fannen...

Eldoradio presentéiert "The Mountain Between Us" an der Ladies' Night, e Méindeg vu 18h30 un am Kinepolis Kierchbierg!

Ladies' Night, Méindes, den 9. Oktober am Kinepolis Kierchbierg an Dënschdes, den 10. Oktober am Kinepolis Belval mat coolem Afterwork virum Film!

Mat Animatioun, Iessen, Gedrénks a ville flotte Kaddoen!

D'Sabrina vum Kinepolis wär live beim Wulli am Studio, lauschtert hei nachemol déi 2 Interviews mat allen Infos!

D'Sabrina Schaul vum Kinepolis beim Wulli am Studio!

Event Navigator Ladies Night Itv Deel 1

Event Navigator Ladies Night Itv Deel 2

D'Ladies' Night ass nach net sold out, an et ginn fir déi 2 Kinoen (Kierchbierg an Belval) hei nach Ticketen!

Links