1 Stonn laang gratis Glühwäin!

Eldoradio bréngt iech e Méindeg den 11. Dezember a Chrëschtstëmmung a wiermt iech mat engem gratis Glühwäin!

Den Eldo-Andy wär en Donneschden beim Wulli an der Sendung fir iech all déi aktuell Infos iwwert dëse coolen Eldo-Event ze ginn!
Lauschtert hei:

Event Navigator Glühwäin 1

Event Navigator Glühwäin 2


Kommende Méindeg 11. Dezember verwinnt d'ganz Equipe vun Eldoradio iech 1 Stonn laang mat gratis Glühwäin an dat vun 18h00 bis 19h00 am Kiosk um Wantermaart hannert der Gëlle Fra!

Kommt laanscht a loosst iech zerwéieren. Glühwäin op Käschte vun Eldoradio.

Donieft melle mir eis vu 17h00 u live vum Wantermaart bei der Gëlle Fra an der Stad eran!

Verpasst also op kee Fall äre gratis Glühwäin, den 11.12. am Kiosk hannert der Gëlle Fra.

Mir freeën eis op iech!



Links