Macklemore Aftershow op Eldoradio!

En Dënschdeg den Owend kënnt de Macklemore mat sengem neien Album "Gemini" live an d'Rockhal! Héisch Zäit also fir eng Eldo-Aftershow-Party!

En Dënschdeg den Owend kënnt den amerikanesche Rapper mat sengem Solo-Album zréck op Lëtzebuerg a wäert am Main Hall vun der Rockhal optrieden. Nom Concert, vun 22h00 un, begleeden den Andy an d'Catherine iech heem!

Grouss Aftershow op Eldoradio!

Direkt nom Concert, um Wee fir heem, gëtt et déi grouss Aftershow op Eldoradio mat exklusiven Infoen, äre Reaktiounen an natierlech der beschter Musek vum Macklemore!

Den Andy war op Besuch am Studio


Mellt iech nom Concert live an eise Studio eran an zielt eisen Animateure wéi iech de Concert gefall huet:
  • via Telefon op den 1344
  • via SMS op de 60336
No jorelaanger Zesummenaarbecht mam Ryan Lewis huet de Macklemore sech dëst Joer solo mat sengem Album "Gemini" zeréck gemellt. Am Kader vu senger Tour kënnt hien och zréck op Lëtzebuerg- den 10. Abrëll 2018 live an d'Rockhal.

Lauschtert hei den 1. Deel vum Interview mam Andy

Lauschtert hei den 2. Deel vum Interview mam Andy


Dësen Dënschdeg kënnt de Macklemore zréck op Lëtzebuerg a wäert an der Rockhal säi Solo-Album "Gemini" live presentéieren.

Weider Infos iwwert de Concert fannt der hei!




Links