Jugend Jobdag zu Dikrech an der Aler Seeërei

En Donneschdeg ass zu Dikrech an der aler Seeërei eng weider Editioun vum Jugend Jobdag!

D'Nordstadjugend a.s.b.l., d'Jugendhaiser Dikrech & Ettelbréck an de Service National de la Jeunesse invitéieren op déi 6. Editioun vum

Jugend Jobdag

En Donneschdeg erwaart iech vun 16h30-19h30 zu Dikrech an der aler Seeërei eng Foire fir Jonker tëscht 15 a 26 Joer, déi iech d'Méiglechkeet bitt mat verschiddene Patronen a Servicer a Kontakt ze trieden an esou Infos zu Aarbechtsplazen, Vakanzenjobs, Formatiounen, Beruffer a Schoulen ze kréien.

Fir iech op der Plaz sinn ënnert anerem:
  • Servicer (Nordstadjugend a.s.b.l., ADEM, Youth 4 Work, Centre Information Jeunes, etc.)
  • Entreprisen (Police, Arméi, Elisabeth, Goodyear, Cargolux, Eldoradio, etc.)
D'Harpa Tordardottir an d'Naomi Eiro

Den Interview fannt der hei nach eemol an der kompletter Versioun:

Event Navigator Jugend Jobdag 1 ITV

Event Navigator Jugend Jobdag 2 ITV


Déi komplett Lëscht vun de Servicer an Entreprisë déi um Jugend Jobdag sinn, fann dir hei!


Links