Ladies' Night I Feel Pretty @ Kinepolis

Eldoradio presentéiert den nächste Méindeg déi nei Ladies' Night mam Film "I Feel Pretty" am Kinepolis Kierchbierg!

D'Renee Bennett schafft bei enger Beauty-Firma a weess, wéi ee sech als Duerchschnëttspersoun an der Welt vun de Schéine fillt! No engem Accident am Fitnessstudio fillt hatt sech awer komplett verwandelt a bilt sech an, immens schéin ze sinn! An dat obwuel et genau esou ausgesäit wéi virdrun an och all seng Kollegen et nach ëmmer esou gesinn, wéi virum Accident. Duerch dësen "Zauber" entwéckelt hatt en neit Selbstvertrauen, dat him hëlleft a sengem Job relativ séier no uewen ze kommen an dobäi och nach de Respekt vu senger Cheffin ze gewannen! Bis op eemol de ganzen Zauber erëm verschwënnt...

D'Sabrina vum Kinepolis wär beim Wulli am Studio fir iwwert d'Ladies Night ze schwätzen:

Sabrina Schaul vum Kinepolis

Lauschtert hei nachemol déi 2 Interviews:
Itv Ladies Night 1

Itv Ladies Night 2

Eldoradio presentéiert "I Feel Pretty" an der Ladies' Night, den nächste Méindeg am Kinepolis Kierchbierg!

Ladies' Night, Méindes, den 23. Abrëll am Kinepolis Kierchbierg vun 18h30 u mat coolem Afterwork, Animatioun a verschiddene Stänn!

Eng weider Ladies' Night gëtt et Dënschdes, de 24. Abrëll am Kinepolis Belval vun 18h30 u mat coolem Afterwork, Animatioun a verschiddene Stänn!

D'Ladies' Night ass nach net sold out an et ginn nach Tickete fir d'Ladies' Night um Kierchbierg an um Belval!



Links