De Samschdeg ass den ING Nuetsmarathon an der Stad

Wéi schonn déi lescht Jore fierwen d'ING an Eldoradio d'Plëss dëst Joer nees komplett Orange!

Morena an den Andy vum ELDO

Eldoradio an ING presentéieren iech dëse Samschdeg déi 13. Editioun vum ING Nuetsmarathon an der Stad.

Eldoradio ass zesumme mat der ING vun 11h00 Auer un live fir iech dobäi a versuergt iech net nëmme mat den aktuellen News iwwert de Marathon, den Traffik an d'Parkméiglechkeeten, mee och mat gudder Musek, Interviews a Stëmmungsopnahmen.

Och dëst Joer kënnt dir bei eis um Stand erëm bei eiser grousser "Sprint Challenge" matmaachen a flott Präisser gewannen!


Den Andy wor beim Wulli am Studio, lauschtert hei:
Event Navigator ING 2018 1

Event Navigator ING 2018 2

Event Navigator ING 2018 3

Kommt eis op d'Plëss besichen an erlieft zesumme mat Eldoradio den ING Night Marathon Luxembourg!

ING Night Marathon op Eldoradio, an der App an op eldo.lu!



Links