Helpermaart @ Bëschdref

Groussen Konscht- an Handwierkermaart mat regionale Produkter op 80 Verkaafsstänn

De Sonndeg, 20 Mai fënnt zu Bëschdref den groussen Helpermaart statt.

Eng ganz Rei u Verkaafs- an Animatiounsstänn sinn hei opgebaut a bidden den ganzen Daag iwwer een Oofwiesselungsräiche Programm.

Um 10 Auer Moies ass déi offiziell Ouverture mat ënnert anerem veschidden Lëtzebuerger Folkloredänz. Den ganzen Dag iwwert geet et weider mam Non-stop Musek - hei ass ënnert anerem den Orchester Baggy's Band fir d'Stëmmung verflicht ginn.

Och di kleng Gäscht kommen net kuerz. Vun Face-painting bis Sprangschlass an Ieselreiden ginn vill verschidden Atelier'en fir sie ugebueden.

Et gëtt och Iess- an Gedrénksstänn déi den ganzen Dag fir eng Erfrëschung an nei Energie suergen.

De Leon an d'Nicole vum Organisatiounscomité

Den kompletten Interview hei nach eemol fir ze lauschteren:

Event Navigator Helpermaart ITV


www.helpermaart.lu
Links