Piste Ouverte @ Recken op der Mess

Dëse Sonndeg ass d'Downhill-Pist vum Downhill & MTB Club zu Recken un der Mess fir de Public op!

© Ern Jacoby

Den Downhill & MTB Club vu Recken op der Mess invitéiert dëse Sonndeg op déi 2. Editioun vun der

Piste Ouverte @ Recken op der Mess

Vun 11h00 u kënnt dir déi 2 Sportaarten "Downhill & Mountainbike" besser kenneléieren! Bréngt äre Vëlo an ären Helm mat a probéiert iech de ganzen Dag op der neier Pist vum Club! D'Membere stinn iech de ganzen Dag mat Fro & Äntwert zur Verfügung a wäerten och déi eng oder aner Tricken dem Public weisen!
  • Downhill & Mountainbike-Show
  • Vëlo-Ausstellung
  • Geschécklechkeetsparcours fir Kanner an Erwuessener
  • Challenges, wéi Limbo etc fir Kanner mat flotte Präisser
De ganzen Dag iwwer mat Musek, Iessen an enger super Ambiance!
De Sam, de Ken an de Jeff vum Downhill & MTB Club zu Recken un der Mess

Event Navigator Piste Ouverte ITV


Links