Beachbasketball @ Féiz

Dëse Weekend ass zu Féiz um Parking vum Cora e Beachbasket-Turnéier fir Grouss a Kleng!

De BC Mess invitéiert zu Féiz um Parking vum Cora op eng nei Editioun vum

Beachbasket @ Féiz

Freides mat groussem Afterwork a Public Viewing vun de WM-Matcher

Samschdes
vun 10h00 u mat
  • Beachbasket-Turnéier fir Erwuessener (Gebuer 2003 a méi al)
  • Strandfeeling a Beachambiance
  • Beachparty mat DJ
Sonndes vun 11h00 u mat de Beachbasket-Turnéier fir Kanner (Gebuer 2004 a méi jonk)

Mellt iech elo nach séier bis 2 Deeg virum Turnéier mat ärer Equipe un!

De ganze Weekend iwwer gëtt eng "Gin & Porto Tonic Bar", Gegrills, Smoothies & Glacen!

Kommt laanscht, spillt mat, feiert är Equipe un a genéisst déi super Beach-Ambiance!

De Guy an de Romeo vum BC MESS

Event Navigator Beachbasket ITV 1

Event Navigator Beachbasket ITV2



Links