POST Luxembourg Balloon Trophy 2018

Vum 18. bis de 22. Juli ass den Himmel iwwer Lëtzebuerg nees voller Ballonen!

De Cercle Luxembourgeois de l’Aérostation asbl invitéiert och dëst Joer erëm op Miersch op d'

POST Luxembourg Balloon Trophy 2018

Méi wéi 40 Ballone wäerten iwwer 4 Deeg laang den Himmel iwwer a ronderëm Miersch fierwen, wann international Piloten ëm Punkte kämpfen.

Besonnesch de Weekend vum 21. an de 22. Juli ass d'Trophy am Mierscher Park op de grousse Public ausgeriicht, wou een déi faarweg Rise vun No bestaune kann. Absoluten Highlight ass awer déi traditionell Nightglow-Show Samschdes Owes. Hei liichten d'Ballonen an alle Faarwen a gi vun enger Lasershow mat Musek an engem Freedefeier begleet!

Donieft gëtt Samschdes géint 19h00 och nach den neie Ballon vu "Let's make it happen / Visit Luxembourg" vun der Staatssekretärin am Wirtschaftsministère am Mierscher Park ageweit!

Den Entrée ass gratis!

D'Veronique an den Alex vun der Organisatioun

Event Navigator Balloon Trophy ITV1

Event Navigator Balloon Trophy ITV2


POST Luxembourg Balloon Trophy 2018 - E Fest fir déi ganz Famill!



Links