Eastcoast Festival zu Mäertert

Dëse Freideg ass zu Mäertert am Park déi 6. Editioun vum Eastcoast Festival!

D'Gemeng Mäertert invitéiert op déi 6. Editioun vum "Eastcoast Festival" - E Festival mat fräiem Entrée a mat ville musikaleschen Highlights op 2 Bühnen:

  • Emil Bulls
  • Lost in Pain
  • Dead Sinners
  • District 7
  • Dr. Gonzo
  • Prinz Wolli

Lass geet et dëse Freideg um 18h00 mat Afterwork Party am Park zu Mäertert!

Loosst iech vu de verschiddene Craftbeers - Béier aus klenge Brauereien - iwweraschen a genéisst d'Iessen vu 5 verschiddene Food Trucks am Food Village!

Parkméiglechkeete ginn et direkt nieft dem Festival-Site! Profitéiert och vun de Latenightbusser déi an der ganzer Régioun fueren!

Verpasst also op kee Fall den "Eastcoast Festival" dëse Freideg Owend zu Mäertert am Park!




De Luc Majerus vun der Organisatioun

Event Navigator Eastcoast Festival ITV 1

Event Navigator Eastcoast Festival ITV2
Links