Luxembourg Beach Open 2018

Den 28. an 29. Juli dréint sech zu Esch um Gaalgebierg nees alles ëm de Beach Volleyball!

Fir déi 24. Kéier gëtt den traditionelle Luxembourg Beach Open Tournoi zu Esch um Gaalgebierg vum Escher Volleyball Club organiséiert!

LBO - Luxembourg Beach Open 2018
  • 5 Beach Volleyball-Terrainen
  • 1000 Tonne Miersand
  • 500 Beachvolley-Player
  • Wellness-Beräich
  • Animatioun ronderëm den Terrain!
  • Grouss PITCHER-Beachparty mat DE LÄB
  • Sonndes Mëttes: Finalle vum Lëtzebuerger Beachchampionnat
Samschdes um 10h00 Moies start den éischte Match. Sonndes geet et lass um 8h30.

D'Entrée ass déi 2 Deeg iwwer fir de Public gratis.

Kommt de Weekend vum 28. & 29. Juli laanscht an ënnerstëtzt d'Equippe bei de Volleyball-Turnéier!
Den Arnaud, d'Lola an de Paul vun der Organisatioun

Event Navigator LBO ITV 1

Event Navigator LBO ITV 2

Links