24 Stonne Vëlo Wëntger

Sidd dobäi wann de Weekend vum 27. an 28. Juli de "24 Stonnen Vëlo Wëntger" an déi 11. Editioun start!

Fräizäitsportler oder Profi, an enger Ekipp bis zu 12 Leit oder eleng - um "24 Stonnen Vëlo Wëntger" ass jidderee wëllkomm!

Vu Freides Owes 20h00 bis Samschdes Owes 20h00 gëtt zu Wëntger fir de gudden Zweck pedalléiert! Aschreiwe kënnt dir iech vun elo un oder Freides vu 15h00 un direkt op der Plaz!

Freides Owes mat groussem Opening-Tour um 19h00 mat Sponsoren, Prominenz, Famillen a jiddereen deen déi 3,3km laang Streck wëll testen. Um 20h00 fält dann de Startschoss vum "24 Stonnen Vëlo Wëntger" mam Sportminister Romain Schneider!
  • 24 Stonne Vëlo fir de gudden Zweck
  • Frühshoppen
  • Cool Live-Musek mat de Coverbands "Silvermoon" & "Why Not" a mam Rol Girres an den Nightlife DJs
  • After-Bike Party mam DJ AL
  • Spiller, Facepainting an e Sprangschlass fir Kanner
"24 Stonnen Vëlo Wëntger" - de 27. an 28. Juli mat gratis Entrée a Camping an Animatioun fir Grouss a Kleng! De ganze Programm vum "24 Stonne Vëlo Wëntger" fannt dir hei!

De Carlo Weber vu 24 Stonne Velo Wëntger

Event Navigator 24h Velo Wentger ITV


Links