e-Lake Festival @ Iechternacher Séi

Vum 10. - 12. August ass zu Iechternach um Séi d'Editioun 2018 vum e-Lake Festival!

Dëse Weekend heescht et nees:

3 Deeg laang gratis Concerte beim Iechternacher Séi!

Dee gréisste Festival zu Lëtzebuerg mat Live-Concerten, Live-Acts a Club-Music. Alles ënnert fräiem Himmel! D'Musek geet vun Hip-Hop a Rock'n'Roll iwwer Trance, House an Techno.

Eldoradio ass Freides a Samschdes vun 20h00 bis 24h00 LIVE fir iech op der Plaz! Mir versuergen iech mat News, Infoen a Fotoen.



Freides geet et lass mat Live-Concerten op 2 Bühnen. Mat dobäi sinn ënnert anerem:

Samschdes stinn DJ-Sets a Live-Acts um Programm, mat ënnert anerem den DJs


A Sonndes gëtt et "Party & more" vun 15h00 bis 01h00 an der Nuecht mat lëtzebuergeschen Acts ewéi, Schëppe Siwen, Dëppegéisser an Dream Catcher. De komplette Line Up vum e-Lake 2018 kënnt dir iech hei ukucken!

Fir de kléngen a groussen Honger ginn et an der YUMMY-Lane vill ausgefaale Food Trucks mat enger grousser Panoplie u verschiddene Kichen!

Parkméiglechkeete ginn et um Site vum e-Lake oder benotzt Freides a Samschdes einfach de Shuttlebus oder de P+R-Shuttlebus fir sécher op de Festival-Site an erëm heem ze kommen!

Fir déi, déi keng verpassen an de ganze Weekend um Festival bléiwe wëllen, ass vun Donneschdes 14h00 bis Méindes 12h00 den e-Lake Festival Camp op!

De Max, de Nic an de Jempi vum e-Lake

All Informatiounen gëtt et hei nach eemol am Résumé:

Event Navigator e-Lake ITV1

Event Navigator e-Lake ITV2


Links