sudstroum escher kulturlaf 2018

Samschdes, den 8. September ass d'Editioun 2018 vum sudstroum escher kulturlaf zu Esch/Belval.

Schreift iech an a sidd dobäi wann de sudstroum escher kulturlaf an déi nächst Editioun erastart! Mat 3 verschiddene Strecken ass fir jiddereen eppes dobäi:

  • Yuppi-Mini-Kulturlaf fir déi Kleng
  • 10 Kilometer
  • 10 Meilen

Vun den Héichiewen duerch d'Uelzechtstrooss erëm zréck op de Belval! Mat vill Animatioun laanscht déi ganz Streck sou wéi d'musikalesch Ënnerstëtzung vu lëtzebuergesche Fanfaren op all Kilometer! De komplette Kultur- an Animatiouns-Programm fannt dir hei!

Laure Willière an Pol Zimmermann. Secrétaire an Président vun der Escher Kulturlaf Asbl.

Event Navigator Escher Kulturlaf ITV1

Event Navigator Escher Kulturlaf ITV2


Freides, de 7. September vu 16h00 un:

  • grouss Pasta-Party mat gudder Musek an Expo bei den Héichiewen zu Esch/Belval
  • Remise vun de Startdossarden un d'Leefer & Umeldungen
  • All Leefer kritt eng gratis Pasta vum Restaurant "dimmi si" zerwéiert

Samschdes, den 8. September

  • vun 10h00: Remise vun de Startdossarden un d'Leefer & Umeldungen
  • vun 15h00 un: Ouverture vum Food Village
  • um 16h00: Depart vum Yuppi-Mini-Kulturlaf
  • vun 16h30 un: Ouverture vum Yuppi-Mini-Village
  • vu 17h00 un: Depart vum Sudstroum Escher Kulturlaf
  • um 19h30: Präisiwwerreechung
  • vun 20h00 un: After Kukturlaf Party mam DJ Fritz & Fanta P.

Dir verkleed iech gär? Da laaft an ärem coolste Superhelden-Kostüm mat a gewannt de "Kultur-Oscar vun der beschter Verkleedung" an nach vill aner flott Präisser.

Schreift iech hei fir de Kulturlaf an!

Séchert iech äre Startdossard fir de sudstroum escher kulturlaf a schreift iech nach bis Donneschdes, de 6. September online an! Freides, den 7. September a Samschdes, den 8. September kënnt dir iech just nach op der Plaz umellen!

Links