Musikbazar zu Zolwer

Dëse Sonndeg dréint sech am Artikuss zu Zolwer vun 10h00 un alles ronderëm d'Musek!

Dir sidd op der Sich no engem Instrument, Placken, CDen oder Museksbicher an -Zäitschrëften?

Da sidd dir um Musikbazar genau richteg!
De Charel Vandivinit; Organisateur vum Musikbazar

Dëse Sonndeg mécht de Musikbazar seng Dieren um 10h00 zu Zolwer am Artikuss op! Hei fann dir alles wat äert Museker-Häerz méi schnell schloe léist! Ronn 50 Exposante stellen hei hir Instrumenter aus a berode Museker ob privat oder professionell! D'Entrée kascht 5€ a gebuede ginn iech net nëmme Kaf- an Tauschartikelen, mee och gutt Stëmmung vum Béiermann MANNI mat senger Gittar a sengem bayresche Béier!

Virun der Dir vum Artikuss steet iech och e grousse Parking zur Verfügung!

Event Navigator Musikbazar ITV

Kommt laanscht a verbréngt e musikalesche Sonndeg zu Zolwer am Artikuss! Musikbazar - vun 10h00 bis 18h00!

Links