24 on the floor @ Diddeleng

"24 on the floor" - E Basket- & Handball-Spaassturnéier zu Diddeleng!

Handball- & Basket-Frënn kënne sech zesummen doen & eng Equipe grënnen, well Samschdes, de 24. November invitéieren den HBD an den T71 op hiert Turnéier:

24 on the Floor @ Centre Sportif René Hartmann
Max, Sally

Event Navigator 24 on the Floor ITV


Matmaache ka jiddereen - egal wéi e Geschlecht, mindestens 16 Joer, mat oder ouni Lizenz! Dir hutt mindestens 5 Spiller/-innen zesummen a spillt gäre Basket- & Handball? Da mellt iech elo ganz séier gratis via E-Mail un & triet Samschdeg de 24. November géint aner Equipen un!

Bei der Umeldung via E-Mail weg uginn:
  • Numm vun der Equipe
  • Numm vum Responsabel vun der Equipe
Lass geet et Samschdes, de 24. November um 18h00 mat de Championnat-Matcher vum HBD an T71 vun den Dammenequippen. Duerno um 20h00 spillen d'Hären nach hir offiziell Matcher.

No den offizielle Championnat-Matcher geet et um 22h30 mam Jux-Turnéier "24 on the floor" lass - an dat mat gratis Entrée fir d'Equipen, wéi och fir d'Spectateuren! Mat DJ bis 3h00 mat enger Gedrénksbar vun de Veräiner & Iesse vun de Jugendkommissioune vun Diddeleng!

(D'Gewënner gi bis e Freideg kontaktéiert)

Mellt iech elo mat ärer Equipe un & kommt de 24. November är Equipe op Diddeleng ufeieren!
Links