Maître Gims Concert & Aftershow Party

Dëse Samschdeg kënnt de Maître Gims live an d'Rockhal! Héich Zäit also fir eng Eldo-Aftershow-Party!

E Samschdeg den Owend kënnt de franséische Museker mat senger "Fuego Tour" op Lëtzebuerg a wäert am Main Hall vun der Rockhal optrieden. Nom Concert, vun 22h00 un, begleet den Dani iech heem!


Den Andy war beim Wulli am Interview an huet eis gezielt wat den Owend gemaach gëtt:

Event Navigator Maitre Gims 1

Event Navigator Maitre Gims 2


Grouss Aftershow op Eldoradio!
Direkt nom Concert, um Wee fir heem, gëtt et déi grouss Aftershow op Eldoradio mat exklusiven Infoen, äre Reaktiounen an natierlech der beschter Musek vum Maître Gims!

Mellt iech nom Concert live an eise Studio eran an zielt eisen Animateure wéi iech de Concert gefall huet:

  • via Telefon op den 1344
  • via SMS op de 60336
Dëse Samschdeg kënnt de Maître Gims mat sengem Album "Ceinture Noire" an d'Rockhal.

D'Diere ginn um 19h00 op - de Concert fänkt um 20h00 un! Weider Infos iwwert de Concert fannt der hei!







Links