Knuedler On Ice

Vum 22. November 2018 bis de 6. Januar 2019 kann een erëm matten an der Stad Schlittschong fueren!

Den 22. November huet d'Schlittschongspist um Knuedler seng Dieren op gemaach.

Knuedler on Ice
Äispist um Knuedler

Event Navigator Knuedler on Ice 1

Event Navigator Knuedler on Ice 2


Op der grousser Schlittschongpist um Knuedler, déi deels ënner fräiem Himmel, deels iwwerdeckt ass, kann ee bis de 6. Januar 2019 seng Pirouetten oder mat de Kanner en Tierchen um Äis dréien an dat matten an der Stad! Mat flotter Beliichtung, Chrëschtdekoratioun, Gedrénks- an Iessstänn ass "Knuedler On Ice" eng cool Aktivitéit fir mat Kanner, an der Koppel oder mat Frënn!
  • Sonndes bis Donneschdes vun 11h00 - 21h00
  • Freides & Samschdes vun 11h00 - 22h00
  • Méindes, de 24. Dezember mécht d'Pist schonn um 17h00 zou
Knuedler On Ice - vum 22. November 2018 bis de 6. Januar 2019!

Links