1 Stonn laang gratis Glühwäin!

Eldoradio bréngt iech e Méindeg den Owend a Chrëschtstëmmung a wiermt iech mat engem gratis Glühwäin!

Trommelt är Kollegen zesummen, well Méindes, den 10. Dezember verwinnt d'ganz Equipe vun Eldoradio iech 1 Stonn laang mat gratis Glühwäin an dat vun 18h00 bis 19h00 am Kiosk um Wantermaart hannert der Gëlle Fra!

Kommt laanscht a loosst iech zerwéieren. Glühwäin op Käschte vun Eldoradio.

Den Andy live beim Wulli am Studio.

Event Navigator Gluehwain 1

Event Navigator Gluehwain 2


Donieft melle mir eis vu 17h00 u live vum Wantermaart bei der Gëlle Fra an der Stad eran!

Verpasst also op kee Fall äre gratis Glühwäin, Méindes, den 10. Dezember vun 18h00 bis 19h00 am Kiosk hannert der Gëlle Fra.

Mir freeën eis op iech!



Links