Brodinski @ den Atelier

Eldoradio an den Atelier presentéiere Samschdes, den 9. Februar de franséischen DJ Brodinski live am Atelier.

De franséische Produzent an DJ Brodinski konnt sech direkt mat sengem Debüt "Bad Runner" am Joer 2007 en Numm an der Electro-Zeen maachen. Vun 2009 un huet den DJ och mat anere Kënschtler zesumme geschafft, well hie behaapt, dass hie séier vu sech selwer gelangweilt ass a méi produktiv a kreativ ass, wann hie mat anere Museker zesummeschafft. Sou koum et dann och dozou, dass e Brodinski um Kanye West sengem Hip-Hop-Album "Yeezus" matgewierkt huet.

Mat sengen Electro-Dance-Beats kënnt den DJ op Lëtzebuerg - fir eng Club Night Samschdes, den 9. Februar 2019 an den Atelier.

D'Jette vum Atelier kënnt dës Woch bei de Wulli an den Event Navigator fir iwwert dësen Optrëtt ze schwätzen.

Kaaft iech elo hei är Tix fir seng Club Night am Atelier!

D'Jette Kaiser vum Atelier

Event Navigator Brodinski






View this post on Instagram

New interview out now for @illroots 🌎🖇

A post shared by Louis Brodinski (@louisbrodinski) on


Links