Dikricher Cavalcade - Fuessonndeg zu Dikrich!

Fir déi 40. Kéier organiséieren d'Eselen aus der Sauerstad Dikrich Sonndes den 3. Mäerz d'Dikricher Cavalcade!

D'Dikricher Cavalcade feiert dëse Sonndeg e ronne Gebuertstag!

"Mat den Eselen aus der schinger Sauerstad

do start Fuessondig di 40. Dikricher Cavalcade"


Den Depart vun der Cavalcade ass dëse Sonndeg um 14h30 an der Route de Gilsdorf mat Arrivée géint 17h30 an der Aler Seeërei!

Wien duerno nach net genuch vu Fuesent huet, dee ka vu 16h00 un am Centre Culturel "Al Seeërei" Party bis Owes spéit maachen!

Hei gëss du alles gewuer, ob mam Zuch oder Bus, kommt alleguer!

Sandro Dimola (President vum ESD)

Event Navigator Dikricher Cavalcade ITV 1

Event Navigator Dikricher Cavalcade ITV 2


Dikricher Cavalcade - dëse Sonndeg Mëtteg zu Dikrech!
Links