Autojumble @ Luxexpo the Box

Dëse Weekend ass an der Luxexpo the Box den Treffpunkt fir all d'Oldtimer-Fans!

Dëse Weekend organiséiert d'Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun an der Luxexpo the Box déi gréisst Oldtimer-Foire an der Groussregioun!

Autojumble

Entdeckt de ganze Weekend historesch Gefierer, eng Bourse fir Ersatzdeeler, en Oldtimermaart an eng Spezialexpo "50 Joer Ford Capri"!

Dir hutt en Oldtimer a wëllt e wéisen? Virun der Luxexpo gëtt et e speziellen Oldtimerparking ganz nom Prinzip "First come, first served!". Maacht iech also bäi, well d'Plaze si begrenzt...

Samschdes, den 9. Mäerz vun 10h00-18h00
Sonndes, den 10. Mäerz vun 10h00-18h00

Profitéiert och vum groussen iwwerdeckte Parking direkt bei der Luxexpo the Box. Oder kommt gemittlech mam ëffentlechen Transport - mam Bus oder och mam Tram, déi direkt bei der Luxexpo stoe bléiwen!

Autojumble - Dëse Weekend vun 10h00-18h00 an der Luxexpo the Box!

Curt Wagner vum LOF

Event Navigator Autojumble ITV


Links