Sebastian Fitzek @ Kolléisch

Dënschdes, den 12. Mäerz ass den däitsche Bestseller-Auteur Sebastian Fitzek fir eng Liesung am Stater Kolléisch!

© JEAN-PHILIPPE KSIAZEK / AFP

D'Librairie Ernster invitéiert en Dënschdeg, den 12. Mäerz an de Stater Kolléisch op eng Liesung vum däitsche Schrëftsteller

Sebastian Fitzek

Interview am Video-Replay:



Jérôme Jaminet & Annegret (Librairie Ernster)

Event Navigator Fitzek ITV

Lass geet et um 19h30 am Festsall vum Stater Kolléisch!

De Sebastian Fitzek ass ee vun de populäersten Auteuren an Däitschland a bréngt all Joer op manst ee Buch eraus. 5 vu senge Bicher goufe souguer scho verfilmt, heirënner säi Psycho-Thriller "Abgeschnitten" oder och "Das Kind". Nieft senger Héichspannungsliteratur ass hien och bekannt fir seng spektakulär Optrëtter. Esou een Optrëtt huet hien dann och den 12. Mäerz am Festsall vum Stater Kolléisch.

Virverkafstickete fir seng "Soundtrack-Leseshow" ginn et fir 12€ an der Libraire Ernster - oder fir 15€ an der Oweskeess.


Direkt no der Liesshow kënnt dir wärend enger Stonn är Bicher vum Sebastian Fitzek ënnerschreiwe loossen!

Den Auteur Sebastian Fitzek ass den 12. Mäerz fir eng Liesung live zu Lëtzebuerg am Stater Kolléisch!
Links