Frou-Frou zu Gréiwemaacher

De FROU-FROU ass wéi all Joer DEEN RDV zum Schluss vun der Fuesent op der Musel.

Läscht Joer gouf de Programm ëmgestallt, an et war fir de Veräin an d'Party-People e mega Succès!

De Frou-Frou huet och dëst Joer d'Live Cover Band WALLSTREET engagéiert an et wäerte virun allem Lidder aus den 80er a 90er fir ze danze ginn! Am Disco-Zelt gëtt et den al bewäerte Concept mat mega Stëmmung!! D'East Coast Devils wäerten och 2019 de Bass nees esou erop dréien, dass dir de FROU-FROU nach laang an Erënnerung wäert halen!

Kommt ab 21 Auer bei eis, den DJ Set GIBBES CREW wäert eis da gutt einheizen an der Kellerei! An der Kellerei ginn et och nees Cocktails, dofir kommt bis era kucken, vläicht entdeckt der jo dann nach är Léift fir d'80er a 90er Musek!!

De Mike vum Tennis Club Gréiwemaacher

Event Navigator Frou-Frou ITV



++Gratis Bus Service++
Buspläng op frou-frou.lu
Links