An dëser Editioun vum Local DJ Corner de 04. Abrëll presentéiere mir Iech den Dany Gold.
Dany Gold
Share
Den Dany Gold dréint säit Joeren d'Turntables op de bekanntste Baler a Clubs. Am Moment bréngt hien déi gréissten Après-Ski Hotspots mat senger Formatioun "Gondelrocker" zum kachen. Méi Informatiounen iwwert den Dany Gold gëtt et en Donneschdeg live am DJ Corner, wou hien Iech mat senger Passioun, der Housemusic verwinnt.
Local DJ Corner Du bass DJ a wëlls dech an deng Musek an eiser Sendung presentéieren? Da schéck eis eng Mail mat enger klenger Beschreiwung, enger Foto an engem Mix (Am MP3-Format an enger Durée vu max. 10 Minutten) op djcorner@eldoradio.lu!