Bauerenhaff an der Stad 2019

Dëse Weekend net ze verpassen!

© facebook - Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren

De 6. a 7. Abrëll heescht et nees Bauerenhaff an der Stad bei der Gëlle Fra. Um Programm sinn Austellungen vun Déieren (Mëllechkéi, Mammekéi, Schwäin, Schof, Geessen, Hénger, Kanéngercher a Gänsen) Donierwt fannt Dir Informatiounsstänn ronderëm d'Landwirtschaft.

Och fir déi Kleng ginn Ateliere ronderëm d'Landwirtschaft gebueden, souwéi e Sprangschlass a Pedalo-Trakteren.

Kommt och op de Maart mat régionale Lëtzebuerger Produkter

Samschdes ass de Start um 11:00 Auer mat der offizieller Ouverture, a Sonndes-Moies um 10h00 mat enger feierlecher Mass an der Kathedral.

Den Donneschden-Owend wären d'Organisateure beim Wulli am Studio:
D'Lisa, de René an d'Angèle © Eldoradio

Event Navigator Bauerenhaff an der Stad ITV 1

Event Navigator Bauerenhaff an der Stad ITV 2




Fir de Programm kuckt op https://www.facebook.com/events/1789241054514909/
Links