«End-of-season-party» @ Philharmonie

Eldoradio an d'Philharmonie invitéieren dëse Samschdeg Owend op d'"End-of-Season-Party"!

De Foyer vun der Philharmonie wäert fir eng Nuecht vu Lautsprecher a Plackespiller dominéiert an doduerch neess zum gréissten Dancefloor an der Regioun ginn.

«End-of-Season-Party» an der Philharmonie!

Fir d'End Of Season Party dëse Samschdeg wäerte 4 talentéiert DJs de Publique mat hire verschiddene Stiler an Trance versetzen.

  • Katy De Jesus (Family Unit)

Si notzt hier portugisesch Originnen an Aflëss vu Berlin fir House Musek a Minimal Music Sets mat Gesangselementer aus dem Funk- an Jazzrepertoire ze gestalten.

  • Sonja Moonear (Ruta5)
Si hätt villäicht eng Kéier am groussen Auditoire vun der Philharmonie e Pianos Récital spille kënne wa si hir klassesch Ausbildung suivéiert hätt, mä si huet et virgezunn de Piano géint e Keyboard auszetauschen. Mat hiren Tech House Sets mat melodesche Linnen a kraaftvolle Bäss huet si schonn op Festivallen op der ganzer Welt gespillt an huet donieft hiren eegene Musekslabel gegrënnt.
  • Anja Schneider (Sous Music)
Si ass op villen Terrainen doheem: DJ, Produzentin, Grënnerin an Eegentemer vun engem eegene Label an Animatrice bei "Radio Eins" zu Berlin, wou si all Freiden Owend eng Sendung programméiert! Och wann si mat hirem eegenen eemolege Label Mobilee (2005 gegrënnt) scho vill Succès hat, huet hir Carrière 2017 nach eng Kéier e ganz aneren Dréi kritt, wéi si hiren aktuelle Label gegrënnt huet, e Projet deen den Titel vun hirer Mam dréit an et hir erlaabt huet sech voll op hir Musek ze konzentréieren. Hiren neien Album "SoMe", e Mix aus Techno an House gouf vum DJ Mag als Album vum Mount gefeiert.
  • Nicole Moudaber (Mood Records)
Si muss een net méi virstellen: e Weltstar vum House mat libaneseschen an nigerianesche Wuerzelen déi an alle wichtege Clubs gespillt an op de prestigiéiste Festivallen (Coachella, Tomorrowland, Ultra) opgeluecht huet. Donieft huet si hiren eegene Label gegrënnt an ass Animatrice vu senger Radiosemissioun "In the MOOD" déi als bescht Online Music Show 2016 bei den Online Radio Awards ausgezeechent gouf a 15 Millioune Begeeschterter uschwätzt. D’Nicole Moudaber versammelt d’Masse ronderëm hir dynamesch a leidenschaftlech Musek.


Tickete fir dës onvergiesslech Nuecht kritt ee fir 10€ am Virverkaf a fir 15€ an der Oweskeess!





D'Tiffany an d'Katy © Eldoradio

Event Navigator EOSP ITV



End-of-Season-Party - dëse Samschdeg vun 21h00 un an der Philharmonie!

Links