Luxembourg Pride @ Esch/Uelzecht

Dës Woch ass zu Esch/Uelzecht de LUXEMBOURG PRIDE a Samschdes a Sonndes de Street Festival!

Rosa Lëtzebuerg invitéiert am Kader vum 20. LUXEMBOURG PRIDE op ganz ënnerschiddlech Eventer:

08. Juli | Gedenkzeremonie @Place de la Résistance, Esch/Uelzecht

08. Juli | Receptioun an Ouverture @Théâtre Municipale de la ville d’Esch-sur-Alzette

08. Juli | Vernissage @Théâtre Municipale de la ville d’Esch-sur-Alzette

09. Juli | Queer Movie Night: Priscilla, Queen of the desert (with Live Drag Show) @Kinosch, Esch/Uelzecht

10. Juli | Diva Storytelling: d’Séraphine liest vir @Escher Bibliothéik

11. Juli | Table Ronde: “Do we still need a Pride?” @Kulturfabrik, Esch/Uelzecht

12. Juli | Capital Pride Party: #PressPlayForPride @Tube Bar, Lëtzebuerg

13. Juli | Equality March / Parade @Esch/Uelzecht

13. Juli | Street Fest @Esch/Uelzecht

13. Juli | Pride Week Closing Party: WR Family @Lenox Club, Lëtzebuerg

14. Juli | Street Fest @Esch/Uelzecht

E Samschdeg vun 12h00 un op der Gemengeplaz zu Esch/Uelzecht mat Musek, Danz, Rieden an Dragqueens! Um 14h00 fänkt dann déi grouss Parad, den Equility March, un, dee vun der Brill Plaz zu Esch, duerch d'Uelzechstrooss bis op d'Gemengeplaz geet, wou fir vill Entertainment gesuergt ass.


Um 15h00 wäert de Buergermeeschter dann op der Gemengeplaz eng offiziell Ouvertures-Ried halen, mat uschléissendem Museks-Programm bis 23h00!

Opgepasst: D'Stroossefest geet dëst Joer 2 Deeg!

Sonndes geet et da weider mat engem "Rainbow Breakfast" um 10h00 Auer a vun 12h00 u mat Musek- & Danzprogramm op der Bühn vun der Gemengeplaz!

Luxembourg Pride 2019 | - Dës Woch zu Esch/Uelzecht!
Links