Béierfest Hëpperdang

Zënter 30 Joer gëtt et d'Béierfest Hëpperdang elo schonn - an dat gëtt de ganze Weekend gefeiert!

3 Deeg laang gëtt dëse Weekend zu Hëpperdang gefeiert, wann et heescht

30 Joer Béierfest Hëpperdang

Freideg leeft alles ënnert dem Motto "2000er Chartbreaker" vun 22h00 u mam
  • DJ Nosi
  • DJ Dee
  • DJ Flex Diamond
Samschden geet et da weider mat enger "90er Trash-Pop Party" mam
  • DJ Killid
  • DJ Giant
D'Tickete fir déi 2 Motto-Owender kritt een haut a muer an der Oweskeess fir 7€/Party!

E Sonndeg ass dann nach als Ofschloss vun den 30. Joer Béierfest e Familiefest vun 11h30 un!
  • Frühshoppen-Concert vun der Hengischer Musek
  • Concert mat der Musek vu Lammersweiler
  • Rol Girres & Marion Welter
  • Sprangschlass & Sandkëscht fir Kanner
  • Ofschlossparty mat SIGMA 7
De Phillippe a Kevin vun der Organisatioun © Eldoradio

Event Navigator Béierfest Hepperdang ITV



Links