Mallorca Summer Night @ Iechternach

Dëse Weekend gëtt et zu Iechternach um Parking a Kack eppes ze feieren!

D'Pompjeeën Iechternach feieren 150 Joer! An dat gëtt dëse Weekend mat 2 onvergiessleche Partye gefeiert!

Mallorca Summer Night

Freides mat Afterwork vu 19h00 un um Parking a Kack zu Iechternach mat mega Malle-Ambiance vun
  • Mia Julia
  • Almklausi
  • Honk!
  • Frenzy Blitz
  • Hoffi & Zambezi
D'Tickete kritt een am Virverkaf fir 12€ oder an der Oweskeess fir 15€!

Oktoberfest

Samschdes vun 19h00 u mat traditioneller Oktoberfeststëmmung. Fir déi richteg bayresch Musek suergen
  • Die Lederrebellen
  • DJ Andy Luxx!
Vergiesst net ären Dësch ze reservéieren!

Samschdes a sonndes vun 11h00 u grouss Porte Ouverte vun de Pompjeeën Iechternach mat
  • Virféierungen
  • Ausstellungen
  • Informatiouns- & Verkafsstänn
  • Animatioun fir Kanner
De Pol an den JC vun 150 Joer Pompjeeën Iechternach © Eldoradio

Event Navigator Mallorca Summer Night ITV 1

Event Navigator Mallorca Summer Night ITV 2



Dëse Weekend - 3 Deeg Animatioun, Porte Ouverte & cool Partyen op der 150-Joer-Feier vun de Pompjeeën Iechternach!


Links