Luxembourg Beach Open 2019

Vun e Freideg bis e Sonndeg dréint sech zu Esch um Gaalgebierg nees alles ëm de Beach Volleyball!

Fir déi 25. Kéier gëtt den traditionelle Luxembourg Beach Open Tournoi zu Esch um Gaalgebierg vum Escher Volleyball Club organiséiert!

LBO - Luxembourg Beach Open 2019
  • Wellness, Drinks&Snacks an Animatioun ronderëm den Terrain!
  • Afterwork & Corporate Beach um Freideg Owend
  • Grouss PITCHER-Beachparty samschdes owes bis 3h00 an der Nuecht
  • Sonndes Mëttes: Finalle vum Lëtzebuerger Beachchampionnat
Dëst Joer scho vu freides owes u mam LBO Afterwork & Corporate Beach mam DJ Petz & DJ Fritz vu 17h00 u bis 1h00.

Samschdes um 9h00 fänken dann déi éischt Matcher vum Tournoi an d'd'Halleffinalle vum Lëtzebuerger Beach Volleyball Championnat u bis 20h00! Duerno da grouss Pitcher Beachparty bis 3h00 an der Nuecht mat Live Acts - De Läb, The Disliked & Bazooka Brooze! Donieft och nach DJ Kirsty Sutherland & den DJ Dama!

Sonndes geet et um 9h00 dann erëm weider mat de Matcher vum Tournoi an am Nomëtteg dann d'Finalle vum Lëtzebuerger Beachvolleyball Championnat!

D'Entrée ass wärend deenen 2 Deeg iwwer fir de Public gratis - Tickete fir d'Pitcher Beachparty samschdes owes kritt dir fir 10€ am Virverkaf oder fir 15€ an der Oweskeess!

Kommt vum 26. bis den 28. Juli um Gaalgebierg laanscht & feiert zesumme mam Escher Volleyball Club déi 25. Editioun vum Luxembourg Beach Open!
D'Lola, den Arnaudt, d'Liza an den Jacques vum LBO © Eldoradio

Event Navigator LBO ITV 1

Event Navigator LBO ITV 2






Links