24 Stonnen Vëlo Wëntger

Dëse Freideg a Samschdeg gëtt zu Wëntger wärend 24 Stonne fir de gudden Zweck pedalléiert!

Fräizäitsportler oder Profi, an enger Ekipp bis zu 12 Leit oder eleng - um "24 Stonnen Vëlo Wëntger" ass jidderee wëllkomm!

24 Stonnen Vëlo Wëntger

Vu freides owes 20h00 bis samschdes owes 20h00 gëtt zu Wëntger fir de gudden Zweck pedalléiert! Aschreiwe kënnt dir iech vun elo un oder freides vu 15h00 un direkt op der Plaz!

Freides owes mat groussem Opening-Tour um 19h00 mat Sponsoren, Prominenz, Famillen a jiddereen deen déi 3,3km laang Streck wëll testen. Um 20h00 fält dann de Startschoss vum "24 Stonnen Vëlo Wëntger" mam Sportminister Dan Kersch!

Sport, Animatioun, Party a vill Musek wärend deenen 2 Deeg zu Wëntger:
  • 24 Stonne Vëlo fir de gudden Zweck
  • Frühshoppen
  • Cool Live-Musek mat nameless.rocks.
  • Party mat den Nighlife DJs DJ DEE & DJONES
  • Top Stëmmung vum Käpt'n Ändä a Matrous K1000
  • After-Bike Party mam DJ AL
  • Spiller, Facepainting, Spillmobil an e Sprangschlass fir Kanner
"24 Stonnen Vëlo Wëntger" - de 26. a 27. Juli mat gratis Entrée a Camping an Animatioun fir Grouss a Kleng! De ganze Programm vum "24 Stonne Vëlo Wëntger" fannt dir hei!

De Carlo Weber vu 24 Stonne Velo Wëntger © Eldoradio

Event Navigator 24 Stonne Velo Wentger ITV
Links