Crémantsfescht zu Réimech

De Weekend vum 17. an 18. August ass déi 42. Editioun vum Crémantsfescht mat der Wiel vun der Miss Crémant zu Réimech um Gréin!

Sonndes den 18. August gëtt zu Réimech um Gréin d'Miss Crémant de Luxembourg 2019 gewielt!

Crémantsfescht @ Réimech

Lass geet et samschdes owes mat Live-Musek bis an de spéiden Owend - fir beschte Stëmmung ass gesuergt.

Sonndes steet alles am Zeeche vun der Miss Crémant de Luxembourg 2019! Vu 18h00 u ginn d'Kandidatinnen an zwee Duerchgäng virgestallt. No der Auszielung vun de Jury-Stëmmen géint 23h00, gëtt déi nei Miss Crémant 2019 dann annoncéiert a gekréint

Umelle
kënne Fraen iwwert 17 Joer sech nach mat enger Foto an enger kuerzer Beschreiwung via Online-Formulaire op dësem Site! Hei fannt dir och all aner Infoen & d'Umeldungsconditiounen!

Sidd och schonn donneschdes, de 15. August um Bacchusfescht vun 11h00 u mat dobäi! Hei erwaart iech vun 12h00 un e grousse Floumaart an de Live-Orchester Jean Traina mat der beschter Danz-Musek bis an den Owend!
De Pit vum Crémantsfescht © Eldoradio

Event Navigator Miss Cremant ITV 1

Event Navigator Miss Cremant ITV 2

Fir gutt Stëmmung, Gegrills an e gudde Pättchen ass gesuergt!
Links