Picadilly zu Stadbriedemes

De Weekend vum 9. - 11. August ass zu Stadbriedemes déi 64. Editioun vum Picadilly, dem Wäin- a Wënzerfest op der Musel!

© www.picadilly.lu

De Weekend vum 9. bis den 11. August ass zu Stadbriedemes erëm de Picadilly mat gratis Entrée an engem internationale Foodvillage!

Freides vu 18h00 u mat grousser Picadilly-Party mat "Fade To Grey" a mat den DJs vun "Hootenanny"

Samschdes vu 19h00 u mat Musek vun "Hunneg-Strëpp" an der Coverband "For Example"

Sonndes vun 11h00 u
mam Family Day, vill Animatioun: Jazzapero mat "Konection Quintet + Trio" an natierlech mam traditionelle Concert vun der Escher Musek!

Profitéiert de ganze Weekend vun den Navetten, déi uechtert dat ganzt Land fueren!

Déi 3 Deeg iwwer mat fräiem Entrée, internationalem Foodvillage, engem Wäigaart, gratis Parking a gudder Stëmmung!

Steff an de Nico vum Picadilly © Eldoradio

Event Navigator Picadilly ITV 1

Event Navigator Picadilly ITV 2


Links