e-Lake Festival @ Iechternacher Séi

Vum 9. - 11. August ass zu Iechternach um Séi d'Editioun 2019 vum e-Lake Festival!

De Pit, de Nic an de Jempi vum e-Lake © Eldoradio

Dëse Weekend - 3 Deeg laang gratis Concerte beim Iechternacher Séi!

e-Lake 2019 @ Iechternach

Dee gréisste Festival zu Lëtzebuerg mat Live-Concerten, Live-Acts a Club-Music. Alles ënnert fräiem Himmel! D'Musek geet vun Hip-Hop a Rock'n'Roll iwwer Trance, House an Techno.

Freides mat top Live-Bands
  • Bosse
  • MoTrip
  • Querbeat
  • The Disliked


Samschdes stinn DJ-Sets a Live-Acts um Programm, mat ënnert anerem den DJs

  • Cosmic Gate
  • Ben Nicky
  • Mark Sixma
  • Gayle San

A Sonndes gëtt et "Party & more" vun 15h00 bis 01h00 an der Nuecht mat lëtzebuergeschen Acts ewéi

  • D'Cojellico's Jangen feat. De Läb
  • Toxkäpp
  • Schëppe Siwen

De komplette Line Up vum e-Lake 2019 kënnt dir iech hei ukucken!

Fir de kléngen a groussen Honger ginn et an der YUMMY-Lane vill ausgefaale Food Trucks mat enger grousser Panoplie u verschiddene Kichen! Wann dir elo scho wëllt wëssen, wat et alles z iesse gëtt, kënnt dir iech dat hei schonn am Viraus ukucken.

Parkméiglechkeete ginn et um Site vum e-Lake oder benotzt freides a samschdes einfach de Shuttlebus fir sécher op de Festival-Site an erëm heem ze kommen!

Fir déi, déi keng verpassen an de ganze Weekend um Festival bléiwe wëllen, fir déi ass den e-Lake Festival Camp vun donneschdes 14h00 bis méindes 12h00 op!

De Pit, de Nic an de Jempi vum e-Lake © Eldoradio

Event Navigator e-Lake ITV 1

Event Navigator e-Lake ITV 2



Dëse Weekend - "free entrance"-Festival um Iechternacher Séi

Links