Mähdreschercross zu Rammerech

D'Jongbaueren & d'Landjugend Zenter a.s.b.l. invitéieren dëse Sonndeg op déi 13. Editioun vum Mähdreschercross zu Rammerech!

Dëse Sonndeg trefft sech d'Elite vum internationale Mähdreschercross zu Rammerech!

Vun 10h00 u kënnt dir iech den ëffentlechen Training vu Ronn 50 Mähdrescher aus Lëtzebuerg, Däitschland, der Belge an Holland ukucken! Um 13h00 Auer geet et da lass mat de Coursse vun der Lëtzebuergescher Meeschterschaft an 3 ënnerschiddleche Kategorien

  • Standart
  • Spezial
  • Fräi
An all Kategorie gëtt et eng Finall, mat jeeweils engem Lëtzebuergeschem Landesmeeschter. Et gëtt et och eng Dammeklass.

Tickete kritt ee fir 10€ an der Dageskeess - Kanner bis 12 Joer hu fräien Entrée!

Parkméiglechkeete ginn et direkt ronderëm de ganze Site.

De Joe, de Fränz an de Jean-Luc vum Mähdreschercross © Eldoradio

Event Navigator Mähdreschercross ITV1

Event Navigator Mähdreschercross ITV2





Verpasst och op kee Fall Samschdes Owes den Drescherbal mat der Live Band "de Belsch Jecke" vun 22h00! Den Entrée ass 7€!

Links