Musikbazar zu Zolwer

Dëst Joer feiert de Musikbazar säin 10. Anniversaire zu Zolwer am Artikuss!

Dir sidd op der Sich no engem Instrument, Placken, CDen oder Museksbicher an -Zäitschrëften? Da kommt dëse Sonndeg op Zolwer op de

Musikbazar am Artikuss

Vun 10h00 u fannt dir hei alles wat äert Museker-Häerz méi schnell schloe léist! Ronn 100 Exposante aus Lëtzebuerg an der Groussregioun stellen hei hir Instrumenter aus a berode Museker ob privat oder professionell!

D'Entrée kascht 5€ a gebuede ginn iech net nëmme Kaf- an Tauschartikelen, mee dëst Joer och e professionelle Voice Casting!

Virun der Dier vum Artikuss steet iech och e grousse Parking zur Verfügung!

Dëst Joer och scho samschdes vun 20h00 u mat der "10 Joer"-Feier mam Manni "Live" a mat enger Jam Session vun der Bluesschoul!

Interview:
De Charel an de Joel vum MUBA © Eldoradio

Event Navigator Musikbazar ITV


Kommt laanscht a verbréngt e musikalesche Sonndeg zu Zolwer am Artikuss! Musikbazar - vun 10h00 bis 18h00!

Links