
Da lauschtert den neien Eldo Event Navigator!
Déi Show um Donneschdeg Owend an där de Wulli iech verréit, wéi eng Events dir op kee Fall dierft verpassen!
- Upcoming Events
- Top 6 vun den Dance- & Party-Charts
- Interviewen
- Partytrends
Ausserdeem spille mir iech déi ugesootsten a gefrootsten Beats déi vun eisem DJ Se7en live fir iech am Studio gemixt ginn!
Alles ronderëm de Nightlife! Vun elo un all Donneschdeg vun 20h00 u mam Wulli op Eldoradio!

Presentéiert ären Event live an eiser Sendung!
Dir organiséiert en Event a wëllt Reklamm maachen oder ären Event live bei eis virstellen? Schéckt eng Email mat allen Donnéeën (Organisateur, Datum, Plaz, Flyer, Site, Facebook-Event,...) op eventnavigator@eldoradio.lu!
Oder setzt ären Event elo scho gratis an eisen Agenda!
DJ Corner
Du bass DJ a wëlls dech an deng Musek an eiser Sendung presentéieren? Da schéck eis eng Mail mat enger klenger Beschreiwung, enger Foto an engem Mix (Am MP3-Format an enger Durée vu max. 10 Minutten) op djcorner@eldoradio.lu!
Eldo Event Navigator Team
Hei gesitt der d'Equippe déi iech all Donneschden mat Informatiounen zu den Top Events a gudder Musek versuergt.
