Ramborn – Äre Lëtzebuerger Cider

Ramborn ass den 1. "Made in Luxembourg" Cider, hiergestallt aus traditionellen regionalen Äppelzorten aus Bongerten.

Wäit iwwer 100 Baueren a Bongertebesëtzer hëllefen eis dobäi Äppel ze sammele fir d’Produktioun vun eisem Cider ze garantéieren. Doriwwer eraus engagéiert Ramborn sech fir d’Bongertenkultur hei zu Lëtzebuerg oprecht ze halen, planzt Joer fir Joer nei Uebstbeem un an fleegt déi zum Deel iwwer 80 Joer al, bestoend Beem.

An déi Léift zum Détail schmaacht een och!

Den Ramborn Cider ass een natierlech erfrëschend spruddelege Cider, dee bei all Geleeënheet passt! Als Apero, beim Erausgoen oder als Accompagnement zu engem Iessen.

Ze fannen ass den Ramborn Cider an all den Geschäfter, a Baren, op Events an op www.ramborn.lu.

Ramborn – Crafted with passion in Luxembourg.