HighscoreDe Weekend ass erëm LuxCon

Fir déi 4. Kéier gëtt d'LuxCon elo schonn organiséiert an zënter dësem Joer un, wäert se net méi zu Téiteng, mee am Forum Geeseknäppchen an der Stad sinn.

Leschten Update: 24.04.2017, 04:46:28

© Facebook / LuxCon

De Weekend ass d’LuxCon, dat schonn fir déi 4. Kéier… An hei treffen sech jo d’Geeks an d’Nerds aus Lëtzebuerg an och aus dem Ausland, dat fir sech iwwert Science-Fiction, Fantasy oder Horror am wäiteste Sënn auszetauschen. Soss war dat ganzt jo ëmmer an der Schungfabrik zu Téiteng, majo aus plazteschneche Grënn ass dat ganzt awer elo op de Geesknäpchen geplënnert. 

Sou lues a lues fänkt d’LuxCon un eng Stammplaz bei deem eng oder aaneren am Agenda ze kréien, sou dass zënter dem Ufank vun der LuxCon ëmmer méi Leit beikomm sinn. 2016 waren et dun iwwer 3400 Spektateuren, déi de Festival konnt unzéien. Fir d’Schungfabrik zu Téiteng geet d‘Plaz dohier net méi duer, esou den Organisateur vum Festival, de Gérard Kraus.

Natierlech gëtt och dëst Joer erëm alles gebueden wat de Geek oder de Nerd sou gären huet. Fantasy, Horror, Science-Fiction, Briet- oder Videospiller, et feelt engem praktesch un näischt. Dës Kéier wäert et dann och e ganze Stack am Forum ginn, op deem ausschliesslech Brietspiller, Rollespiller a Videospiller thematiséiert an natierlech och gezockt ginn.  

Lauschtert hei de komplette Reportage