
© Eldoradio / Gamecube an Spiller
Am Mee 2002 ass d'Gamecube erauskomm, dat als Nofolger vun der bal legendärer Nintendo 64, déi einfach nei Standarden gesat huet. Haaptsächlech de Sprong vun 2D op 3D ass der N64 esou gutt gelongen, dass et bal onméiglech fir säin Nofolger d'Gamecube war, genee esou eng "Revolutioun" anzeleeden.
Virun allem muss een bedenken, dass während där Zäit déi grouss Konkurrenten vum Cube d'Playstation 2, d'Dreamcast an d'Xbox waren.
Wat sinn d'Erënnerungen un dës Konsol, déi well 15 Joer huet
Haut des Dags schwieren Gameren nach ëmmer op de Kontroller vun der Gamecube... Mee och soss huet d'Konsol mat sengen 128 Bit eng gutt Leeschtung ofgeliwwert.
E puer Fakten an Infoen iwwert de Cube!
Wat d'Gamecube awer wierklech ausgemaach huet, war déi relativ gutt Auswiel u Spiller...
Wat hat d'Gamecube a Saache Spiller ze bidden?