
© YOSHIKAZU TSUNO / AFP
D'Dreamcast ass déi lescht Konsol, déi SEGA selwer erausginn huet, dono war et laang Zäit eriwwer mat der Era SEGA a vill Leit weise mam Fanger op dës Konsol. Generell gëtt een nämlech der Dreamcast d'Schold fir d'Enn vu SEGA... Allerdéngs huet dës Konsol eng vun de gréisste Fan-Bases op der Welt, et ginn ëmmer nach Spiller gemaach an en plus war d'Konsol senger Zäit wahrscheinlech e Schratt viraus!

Hei d'Sortien fir den August an Ufank September:
2. August -> Tacoma (Xbox, PC)
8. August -> Hellblade: Senua’s Sacrifice (PS4, PC)
8. August -> LawBreakers (PS4, PC)
15. August -> Sonic Mania (Alleguerten d’Plattformen, souguer fir Switch)
15. August -> Agents of Mayhem (PS4, Xbox, PC)
22. August -> Uncharted : Lost Legacy (PS4)
29. August -> Mario and Rabbids Kingdom Battle (Switch)
29. August -> Absolver (PS4 a PC)
8.September -> Destiny 2
Zu gudder Lescht huet den David mol an der Eldo-Redaktioun nogefrot, wien dann iwwerhaapt am Moment aktiv spillt, wien fréier gezockt huet oder wiem dat ganzt eventuell guer näischt seet... Lauschtert eran!