HighscoreClash Royale - D' Mobile Game am E-Sport

11F organiséiert d'Qualifikatioune fir Lëtzebuerg a begleet de Gewënner och um Turnéier op der Gamescom!

Leschten Update: 11.10.2017, 20:33:11

© Eldoradio / 11F

Clash Royale ass en Spill fir de Smartphone, bei deem et drëms geet, mat Hëllef vu Kaarten an enger Arena géint säi Géigner ze gewannen an doduerch am Ranking ze klammen. Detailer huet de Fabio vun 11F.

Clash Royale - E kompetitiivt Mobile-Game


Mëttlerweil huet sech d'Spill zu engem richtegen E-Sport-Game entwéckelt a gëtt och elo vun der Esports World Convention (ESWC) als esou e Spill behandelt.

© flickr


Dëst Joer gëtt et e grousst Clash Royale Turnéier mat Präisgeld an dat op der Gamescom. An ee Lëtzebuerger wäert dobäi sinn. Gidd hei alles gewuer wat der wësse musst a sidd jo eventuell selwer dobäi?

D'ESWC organiséiert e Clash Royale Turnéier op der Gamescom


Ween ëmmer scho mol op eng Expo, Convention oder soss e gréissert Gaming-Event goe wollt, awer de richtege Kader nach gefeelt huet... Deen ka jo mol mat 11F op den Tour. Hei ginn nämlech regelméisseg Reesen organiséiert.

11F organiséiere Reese fir op Conventions an Events
Links